Vintage Mood, dat si 40 Benevolen, ee Solidaritéits-Buttek zu Léiweng an fënnef Stänn um Bazar vun der Croix-Rouge.Mir sinn u sech dat ganzt Joer iwwer ënnerwee, vun Moies fréi bis Owes spéit. Mir sënnere Gezei, Schong a Poschen, kontrolléieren Spillsaachen an wann se komplett a ganz sinn, da preparéieren mir alles fir um Stand um Bazar oder an eisem Solidaritéits-Buttek verkaf ze ginn.