Maer hunn an eiser Gemeng 2 Sektiounen. Well d'Gemeng di lokal Verainer finanziel ënnerstetzt wann se 25 Joer al sinn wollte maer emol eraus fannen wéi al maer sinn, dat war leider net méiglech, mee et sinn scho méi wéi 25 Joer. Dat ganzt Joer si maer um Terrain aktiv a si permanent op der Sich no neien Ideen fir all Alter aus eiser Gemeng unzespriechen, Publizizéit fir de gudden Zweck ze maachen a fir Geld ze sammelen. Falls Daer eng Idee hutt kenn Daer déi gaeren engem vun eise Komiteememberen matdeelen (Bouazizi Jalel, De Jong Jeff, Funck Diana, Jacoby Marc, Kieffer Christophe, Weimerskirch Jos).
Leider können eis Leit dest Joer net bei Aech un d'Dier schelle kommen, mee se versichen duerch d'Ausdeelen vu Fleyeren op de "Mois du don" opmierksam ze maachen. Fir hiert perséinlescht Engagemet ze honoréireren fanne maer et wichteg op mannst e klengen Don ze maachen. Dësen Don kënnt direkt an dat grousst Dëppen vum RoudeKraiz an der Stadt an déi wëssen wou se am Ablack am néidegste sinn. Déi Suen, déi maer am Laf vum Joer sammelen iwerweise maer als Komitee je no Besoin (YUA, épiceries sociales, "Kaerjeng hëlleft", …).
Maer hunn permanent en oppend Ouer fir d'Assistances sociales déi fir d'Rout Kräiz op eiser Gemeng schaffen an hunn och Kontakt mam Responsablelen vum Kaerjenger Migratiouns a Flüchtlingsheem opgehol.