Mir sinn den Stand vum Jugendroutkräiz. D’Jugendroutkräiz sinn jonk Benevole am Alter vun 15- 30 Joer die sech gréisstendeels an den Vakanzekolonien engagéieren, awer och op verschidden Projeten, zB Aktivitéiten mat Senioren oder Kanner aus Flüchtlingsfamiljen, Nohaltegkeet an onsen Kolonien asw.
Säit Joeren proposéieren mir um Bazar Kanneranimatiounen an Form vun Facepainting, Gesellschaftsspiller, ons Faarwtrommel, Intefëschen, an villes méi. Mir sinn houfereg all Joer en Deel vum Bazar däerfen ze sinn.