Mir sinn eng kleng Equipe vun dräi Leit déi all Joers um Bazar vun der Croix-Rouge hieren Stand opschloen. Dat sinn ech selwer, eng Frëndin vu mir an dann e jonken Här aus der International School of Luxembourg deen eis tatkräfteg zur Säit steet. Mir baken a kache gären, an sou war et nëmmen natierlech, datt mir am Laf vun der Joren eise Wee op den Stand Produits Maison um Bazar fonnt hunn.