Eise stand
Mir si fir jiddereen do. Mir wëllen deene Saachen déi eis uvertraut ginn en neit Liewen anhauchen a jidderengem d’Méiglechkeet ginn sech fir e puer Sou anzekleeden oder anzeriichten.
Well eise Stand dëst Joer eng ganz Woch fir Iech zu Léiweng op ass, brénge mir Iech all Dag nei Wuer an de Buttek. Sou ass ëmmer eppes Neies do fir ze entdecken an Dir sidd sécher eppes ze fanne wat Iech gefält. Well Dir wësst jo, d'Leit déi de Vintage Mo(o)d besiche soen dax : « Mir kënnen kommen wéini mir wëllen, hei fannen mir ëmmer eppes. »
A fir déi déi Loscht hunn eng Gauffer mat heem ze huelen, mëscht de Jean La Gaufre bei eis um Parking eng Vente à emporter.