En poursuivant votre navigation sur https://event.croix-rouge.lu, vous acceptez l'utilisation de cookies pour réaliser des statistiques de navigation et vous permettre de partager des contenus sur les réseaux sociaux.

Fermer

stand saumon

Eis Equipe

Bei eis si Dir um Saumon Stand vum Bazar. An hei si Dir och genau richteg! Eise Stand um Bazar vun der Croix-Rouge get et schonn zanter méi wéi 20 Joer. Mir sinn e Grupp vu gudde Frënn déi gäre mol eng Hand fir de gudden Zweck upaken. Dat gouf eis, wann een sou wëll, mat an d’Wéi geluecht. Eis Elteren hunn deels schonn op dem Stand Saumon geschafft a mir féieren dësen op déi selwescht Aart a Weis haut nach weider.

 

Eise Stand

Wéi gewinnt, gëtt et bei eis Label Rouge Saumon aus Schottland, dëst Joer nees gereechert vun der Boucherie Kaiffer.

Dir kënnt och gäre Saumon bei eis bestellen fir d'Feierdeeg : Stéck vun 300g, tranchéiert & sous vide verpaakt, 20€/ganze Saumon, tranchéiert oder net & sous vide verpaakt, prix au poids.
De 16 & 17 Dezember, tëschent 18:00 & 19:00, kënnt Dir Är Bestellung an der Boucherie Kaiffer ewechhuelen.

Mir wënschen e gudden Appetit!

Praktesch informatiounen

Wou ?

Concept Store
Royal Hamilius

Wéini ?

Vum 20. bis 22. November 2020

Wéi ?

Dir kënnt entweder direkt bei eis am Concept Store Royal Hamilius laanscht kommen oder Är Commande op saumon.croix.rouge@pt.lu schécken