En poursuivant votre navigation sur https://event.croix-rouge.lu, vous acceptez l'utilisation de cookies pour réaliser des statistiques de navigation et vous permettre de partager des contenus sur les réseaux sociaux.

Fermer

SAPIN DE LA croix-rouge

Eis Equipe

Mir sinn den Stand vum Jugendroutkräiz. D’Jugendroutkräiz sinn jonk Benevole am Alter vun 15- 30 Joer die sech gréisstendeels an den Vakanzekolonien engagéieren, awer och op verschidden Projeten, zB am Club Senior An der Loupescht, am Foyer Lily Unden , asw.  

Säit Joeren proposéieren mir um Bazar Kanneranimatiounen an Form vun Facepainting, Gesellschaftsspiller, ons Faarwtrommel, Intefëschen, an villes méi. Mir sinn houfereg all Joer en Deel vum Bazar däerfen ze sinn.

 

défi sportif
occasion spéciale
défi entreprise

Eise Stand

Dëst Joer hunn mir eng ganz besonnesch Aktioun fir den Bazar ausgewielt. Zanter 2009 hunn mir eng Aktioun wou mer Kanner , wou d‘Familljen hinnen keen Cadeau fir Niklosdag oder Kreschtdag kennen schenken, probéieren dëst ze erméiglechen. Mir froen d’Office Socialen aus dem Land an verschidden Servicer vum Roude Kräiz , Familljen ze identifizéieren wou dëst de Fall ass. Des Familljen kréien vun ons en Courrier geschéckt mat engem Spillsaachenkatalog deen mir selwer opstellen. Kanner däerfen sech eng Spillsaach bis max.30€ eraussichen. D’Kanner ginn gefrot en Bild als Merci ze molen fir déi Persoun , déi ons den Don mëscht, vir saïn Cadeau ze kafen.

défi sportif
occasion spéciale
défi entreprise

Mir ginn selwer d ‘Cadeauen kafen, paken se an Cadeauspabeier an, an bis spéitstens den 24 Dezember feieren mir selwer d ‘Cadeauen bei d ‘Kanner heem!

All Joer konnten tëschen 150 -200 Kanner vun onser Aktioun profitéieren.

Des Aktioun fënnt normalerweis op engem Weekend am Hall vun der Belle Étoile statt. Wéinst dem Covid19 kenne mir dëst awer leider net maachen!

Eng Aktioun die ons besonnesch um Häerz läit, an ouni d ‘Hëllef vun den Läit dobaussen net méiglech wier.