En poursuivant votre navigation sur https://event.croix-rouge.lu, vous acceptez l'utilisation de cookies pour réaliser des statistiques de navigation et vous permettre de partager des contenus sur les réseaux sociaux.

Fermer

STAND PRODUITS MAISON

Eis Equipe

Mir sinn eng kleng Equipe vun dräi Leit déi all Joers um Bazar vun der Croix-Rouge hieren Stand opschloen. Dat sinn ech selwer, eng Frëndin vu mir an dann e jonken Här aus der International School of Luxembourg deen eis tatkräfteg zur Säit steet. Mir baken a kache gären, an sou war et nëmmen natierlech, datt mir am Laf vun der Joren eise Wee op den Stand Produits Maison um Bazar fonnt hunn. Mir sinn och frou nach e puer Madammen ronderëm eis ze hunn déi vir eis Gebëss kachen an Kichelcher baken.

 

Eise Stand

De Stand Produits Maison verwinnt d’Visiteure vum Bazar mat leckerem Gebeess an gudde Kichelcher, awer och aner Schneekegkeete wei Stollen a Limoncello.. Eis Client’en kommen all Joer rëm. Mir kachen eist Gebeess nämlech genau dann an, wann d’Friichten gutt zeideg sinn. Sou si mir och sécher dat et schmaacht!

Praktesch informatiounen

Wou ?

Concept Store
Royal Hamilius

Wéini ?

Vum 20. bis 22. November 2020