En poursuivant votre navigation sur https://event.croix-rouge.lu, vous acceptez l'utilisation de cookies pour réaliser des statistiques de navigation et vous permettre de partager des contenus sur les réseaux sociaux.

Fermer

La Griffe Enfants

Eis Equipe

Mir sinn den Stand La Griffe Enfants. Dir sidd eis sécherlech schonn um Bazar vun der Croix-Rouge iwwert de Wee gelaf. D’Equipe vun eisem Stand ass e Grupp vu Frënn a Famill déi sech säit Joren um Bazar engagéieren. An der Zäit hu mir de Schnittechersstand geschmass. Lo, scho säit e bësse méi wéi 10 Joer si mir awer mam Stand La Griffe Enfants dobäi.

 

défi sportif
occasion spéciale
défi entreprise

Eise Stand

Op eisem Stand La Griffe Enfants fannt Dir eng grouss Auswiel un flotte Second Hand Kleeder fir Kanner vun 0 - 12 Joer vun alle bekannte Marken.

Dës Kleeder sammele mir iwwert d’ganzt Joer bei eise Frënn, eiser Famill a Bekannten. Wann mer vill Chance hunn ass och mol deen een oder anere Buttek bei den Donateure vum Stand dobäi.

All Kleedungsstéck wat dir op eisem Stand fannt hu mir nogekuckt, gewäsch a gefleckt wann et huet misse sinn. Dir gesitt, Dir sidd a gudden Hänn an Är Kanner a gudde Kleeder!

Praktesch informatiounen

Wou ?

Concept Store
Royal Hamilius

Wéini ?

Vum 20. bis 22. November 2020

Wéi ?

Kommt bei eis an de Concept Store Royal Hamilius laanscht! Mir freeën eis op Iech!