En poursuivant votre navigation sur https://event.croix-rouge.lu, vous acceptez l'utilisation de cookies pour réaliser des statistiques de navigation et vous permettre de partager des contenus sur les réseaux sociaux.

Fermer

Aparti

Eis Equipe

Als zwété Pla e Kiewerleck,
A Meckefett gebroden,
E lo’g um Teller fett an deck,
Aparti gutt geroden.

Auguste Liesch: D’Maus Ketti

Hannert dësem Auszuch aus der Maus Ketti an dem Numm Aparti stiechen mir, d‘Catherine Elvinger an den Abbes Treff.

2014 hu mir eise Catering-Betrieb an eis Kichen opgemaach. Mir hunn eng grouss Leidenschaft fir d’Kachen an mir setzen dobäi op regional Fournisseuren an Bioproduiten. Mir sinn engagéiert an enger ONG am Bangladesh a mir ënnerstëtzen gären all Joer d’Croix-Rouge. Deelweis kënne mir dat matt eiser Freed um Kachen verbannen well Frëndschaft geet duerch de Mo.

 

défi sportif
occasion spéciale
défi entreprise

Eise Stand

Um Bazar vun der Croix-Rouge wore mir mat eisem Stand fir d’Restauratioun vun de Visiteuren do. Dëst Joer kënnt Dir bei eis Iessen „online“ bestellen an den Erléiss vun deem Menü wärend dem Bazar on Tour geet un d’Croix-Rouge.

Op eiser Kaart fir d’Woch vun der Croix-Rouge:

Entrée

Velouté de courge butternut à la vanille

Salade de betteraves rouges aux pommes et aux noix

Petit cake salé aux pruneaux et lardons

Petit cake salé végétarien féta courgette

 

Plat

Ragoût végétalien d’automne (à l'hokkaido, marron, champignon, patate douce, herbes, … )

Boulettes d’agneau du pays, avec en option une purée de pommes de terre en accompagnement

 

Dessert

Crème à la mangue (végétalienne)

Mousse au chocolat noir du Pérou

 

Praktesch Informatiounen

Wou ?

um Internet Site www.aparti.lu 
oder per email: contact@aparti.lu

Wéini ?

Vum 2. bis den 8.
November 2020 kënnt Dir bei eis Äre Menü bestellen.

 

D’Menüen ginn zu folgenden Datumer geliwwert:

  • 12/11/2020
  • 13/11/2020
  • 19/11/2020
  • 20/11/2020

Wéi geet dat?

Entweeder macht Dir är Bestellung selwer iwwert eise Site www.aparti.lu, oder Dir schéckt en email matt Ärem Choix op contact@aparti.lu. Mir liwweren Donneschdes am Osten vum Land a Freides ronderëm d’Stat Lëtzbuerg.
 

Mir brauchen natiirlech Är Adress an eng Telefonsnummer fir kënnen bei Iech ze liwweren, a melden eis iwwert Telephon oder email